Léif Kolleeg*innen,
Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op d’Ofschlosskonferenz vun der zweeter Programmphas „Männer an der ausserschoulescher Kannerbetreiung (MadaK)“, déi e Mëttwoch, de 5. Mee 2021 vun 8.30 bis 12.00 resp. 16.00 Auer (mat Workshoppen) am Forum Campus Geesseknäppchen (40, Boulevard Pierre Dupong, L-1430 Luxembourg) wäert stattfannen.
De Programm an en Umeldungsformulaire fannt Dir op eiser Websäit madak.lu/konferenz-2021/. Umeldunge si bis den 28. Abrëll un infoMann (info@infomann.lu oder per Fax: 27 49 65 65) ze adresséieren.
D’Konferenz gëtt am Sënn vum modifizéierte Jugendgesetz als Formation Continue (3 St. resp. 6 St.) unerkannt (Validation no. 2021_03_ANB_028).
D’Konferenzsprooche si Lëtzebuergesch an Däitsch.
Mir freeën eis op Iech a sti fir weider Informatioune gären ënnert der Telefonsnummer 27 49 65 21 zur Verfügung!
D’Ekipp vun infoMann